Fanfare Holtz, vun 1868 bis haut

1868: Grënnung vun eisem Verein am deemols schéinen 489-Awunner-Duerf Houltz.

1870 kritt eis Musik hieren éischte Fändel, mat der Opschreft „Fanfares de Holtz“ wat drop hiweist dass et deemols nach e Musiks- a Gesankverein war. Vill Dokumenter aus de Grënnungsjoren si leider bei engem Brand am Haus Pesché 1939 zerstéiert gin.

1874: déi éischt Statute gi geschriwen, wou et heescht dass e Musikant muss eng Strof bezuelen wann en nit an de Prouwen ass. Mat 15 Frang war dat deemols déi gréisste Recette vun deem Joer.

1890: den zweete Fändel ass ugeschaft gin.

1900: nei Statuten si geschriwwe ginn. Hei en flotten Extrait doraus: „Jedes Mitglied welches sich nach etwaigen Festlichkeiten im Heimatort, nachdem die Gesellschaft aufgelöst ist, in Wirtschaften oder auf Kegelbahnen mit einer Vereinsmütze befindet, wird mit einer Buse von 1 Fr belegt.“

1933: Grënnung vum „Corps des Sapeurs-Pompiers de Holtz“. Seitdem, a bis haut, ass eis Musik eng vu wéinigen Pompjees-Musiken aus dem Land.

1939: eis Musik bedeeligt sech un de Festlichketten zur Onofhängigkeetsfeier vum Lëtzebuerger Land.

1946: d’Duerf- an d‘Vereinsliewen kritt rem neie Schwong, an nei Aktivitéiten si beikoum.

1968: 100-Joer-Feier vun eiser Musik: iwert eng Woch verdeelt ass all 2. Dag e Concert gebuede ginn vun Auswäertsmusiken. Den 28. Juli war e grousse Cortège mat all de Musiken aus dem Réidener Kanton. Eis Musik huet hiere neie Fändel an nei Uniformen présentéiert.

Vun 1969 un: Biergcourse zu Houltz

vun 1979 unn spillt eis Musik all Joer (bis op 3 Ausnahmen) Theater.

1980: eng nei Uniform gett mache geloss.

25.7.1989: d’Musik bedeeligt sech mat denen aner Héiltzer Vereiner un der 150-Joer-Onofhängigkeetsfeier zu Réiden.

27. Juli 1990: eis Musik spillt hieren 1. Concert op der Place d’Armes an der Stadt. Seitdem hëllt deen Optrëtt eng fest Plaz an eisem Summerprogramm an.

1993: 125-Joer-Feier vun eiser Musik de 16. a 17. Juli. En neie Fändel ass och ugeschaft ginn.

vun 1993 bis 2001: Bierg-Course teschent Kleng-Elchert an Houltz

14/08/94: Feier vun der Jhangelis-Gare a Flatzbour (mat folkloristischer Veloscourse)

08/04/95: Concert mat Bungeref, Ell, Foulscht, Noojem, Pärel, Rammerich a Réiden zu Vichten am Kader vum Kulturjoer 1995

vun 1995 bis 2005: Hobby- a Floumaart

1997: Reess op Ostende an Walibi Wavre

20/04/98: Ausseruerdentlich Generalversammlung mat der Grënnung vun der Fanfare et Sapeurs-Pompiers Holtz asbl

2000: Reess op d’Weltausstellung Hannover

2002: Reess op Pareis

vun 2004 bis 2012 Summerfest op der Velospist. Duerno hu mer dat Fest ëmmer am Schoulhaff am Duerf selwer ofgehal.

2004: Rees op Stuttgart an Europapark Rust

2006: no der Faillite vun der Brauerei Okult vu Réiden hu mer hiren Zapwon ofkaft. Bei deem Deal hu mer ewer och mussen de ganze Rescht vum Stock (Béier, Keschten, Fässer) matkafen

2008: 75 Joer Pompjeeën zu Houltz

2009: Reess an den Elsace (Colmar) an Europapark Rust

2009 an 2010 : Stand um ING-Marathon an der Stadt Letzebuerg

2012: Reess op Oberhausen/Köln

2014: Grënnung vun eisem Jugendensembel

06/12/2014: Aweihung vum neie Festsall „a Pëtz“.

vun 2014 un hu mer och e Krëschtprogramm an eisem Repertoire, dee mer seitdem all Joer op ennerschiddliche Plazen présentéiert hun (Rammerich, Rulljen, Martel, Oochen)

Concerts-Rees op Oochen (Krëschtmaart, (2016 an 2017). Dëst mist déi 1. Concerts-Reess an der Vereinsgeschicht gewiescht sinn

2014 : mer bauen eis eegen Facebook-Seit op, an hun bis lo knapp 400 Follower

2014: d’Musik gett sech en neie Logo an eng nei Fuerw als Identifikatiounszeechen

2016: 1. Editioun vun eisem Wanterconcert ennert der Leedung vum Carl van Spaeybroek

2017 eis eegen Internet-Säit gett an d’Liewe geruff, zesuemen mat den aner 2 Vereiner aus dem Duerf (CdJ an i30)

2018: 150-Joer-Feier vun eiser Musik. En neie Fändel an eng nei Uniform gin ugeschaf. Mer organiséieren eng 1. Editioun vun enger Marche gourmande, a lossen en Héiltzer Béier brauen.

Eis Musik zielt bis haut 16 Presidenten, 18 Dirigenten an 11 Fähnerichen.